Konditioune fir de Wieler

Chamberwalen

Konditiounen, fir bei de Chamberwalen däerfen ze wielen

Fir bei de Chamberwalen däerfen ze wielen, muss een:

  1. Lëtzebuerger oder Lëtzebuergerin sinn;
  2. um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn;
  3. iwwer seng biergerlech a politesch Rechter verfügen;
  4. säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn; Lëtzebuerger mat Wunnsëtz am Ausland kënnen iwwer Bréifwal deelhuelen.

Konditiounen, fir als Kandidat bei de Chamberwalen deelzehuelen

Fir eligibel ze sinn, muss een:

  1. Lëtzebuerger oder Lëtzebuergerin sinn;
  2. iwwer seng biergerlech a politesch Rechter verfügen;
  3. um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn;
  4. säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn.

Persounen, déi strofrechtlech veruerteelt sinn, Persounen, déi duerch Veruerteelung hiert Walrecht verluer hunn an Erwuessener, déi ënner Tutelle stinn, sinn net eligibel.